A Wann ..... ? , Kremart Edition
Barcode:
9782919781324
Interne Referenz:
ISBN 978-2-919781-32-4
A Wann ..... ? , Kremart Edition
Beschreibung
De Fuuss huet net genuch Plaz a sengem Bau. Do begéint en dem Schleek, dee säi klengt Haus iwwerall matschleeft. Zesumme maachen déi zwee en Tour duerch de Bësch an iwwer d’Gewan. Dobäi gesäit de Fuuss, wéi gutt kleng a grouss, lues a séier, ängschtlech a geféierlech Déiere sech zesummen ameséieren a léiert dobäi, datt hie kee Grond huet, d’Flemm ze hunn.
“A wann …?” erzielt d’Geschicht vun Uspréch, déi wuel jiddereen u sech selwer huet. Virun allem awer weist hei de lëschtege Schleek dem traurege Fuuss, datt en am Fong alles huet, wat e brauch.